14/09/2016

Appel à volontaires


A l'occasion de la manifestation sportive "Zeebroek Race" (http://www.zeebroekrace.be/) prévue le samedi 01/10/2016, la commune de Rambrouch fait appel à des volontaires.
Ci-dessous le message de la Commune de Rambrouch.

Sameschdes, den 1. Oktober 2016, organiséieren d’Gemengen Maartel (B) a Rammerich, an Zesummenarbicht mam fréieren Weltklassetriathlet Axel ZEEBROEK, eng Sportsmanifestatioun um Bebitt vun deenen 2 Gemengen.

Fier dës Manifestatioun sin d’Organisateuren op d’Mathëllef vu Fräiwëlligen ugewisen (Streckeposten, Ravitaillement, …).

Wann äere Veräin intresséiert as bei dëser Manifestatioun matzehëllefen, dann deelt eis esou séier wéi méiglich an beschte bis den nächsten Donneschdig, 15. September 2016, mat wéivill Membere vun ärem Veräin disponibel wieren.

Fier all Member, deen 4,5 Stonnen mathëlleft kritt de Veräin 32€ a seng Keess.

An dësem Kader as den nächste Freidig, den 16. September 2016, ëm 19.00 Auer eng Versammlung op der Maarteler Gemeng, 1, chemin du Moulin, wou all Vertrieder vun den interesséierte Veräiner déi néidig Informatioune kréien.

Op eis Nofro hin hu mer weider Informatiounen vum Organisateur vum Zeebroek-Race 2016 kritt wéinst de Bénévolen:
-          D’Limite d’âge as 16 Joer
-          Ët gi Leit gebraucht fier Freides, den 30.9.2016, hëllefen opzeriichten (Circuit zeechnen, asw),
-          Sameschdes, den 1.10.2016, gi vun 9.30 Auer bis 17.00 Auer Leit gebraucht fier de Ravitaillement an d’Secherheet,
-          Sonndes, den 2.10.2016, gët afgeriicht wou och Leit wëllkomm sin,
-          Ët gi pro Persoun, déi 4,5 Stonnen hëlleft, 32€ an d’Veräinskees bezuelt, wa Leit méi laang hëllefen gët e Supplément ausbezuelt,
-       Freides, den 30.9.2016, as eng obligatorisch Versammlung fier d’Bénévolen: Ennerschreiwe vun der Konventioun, Explikatiounen zum Aflaaf vun der Manifestatioun, Ausdeele vun den T-Shirten, Beäntwere vu Froen.

Dier kënnt är Informatiounen betreffend déi interesséiert Leit bis en Daschdig, den 20.9.2016 op d’Gemeng mailen.


Eng Informatiounsversammlung fier d’Bénévolen aus der Rammericher Gemeng as Mëttwochs, den 21.9.2016 ëm 19.00 Auer hei zu Rammerich am Centre culturel.