A l'occasion de la manifestation sportive "Zeebroek Race" (http://www.zeebroekrace.be/)
prévue le samedi 01/10/2016, la commune de Rambrouch fait appel à des volontaires.
Ci-dessous le message de la Commune de Rambrouch.
Sameschdes, den 1. Oktober 2016, organiséieren d’Gemengen
Maartel (B) a Rammerich, an Zesummenarbicht mam fréieren Weltklassetriathlet
Axel ZEEBROEK, eng Sportsmanifestatioun um Bebitt vun deenen 2 Gemengen.
Fier dës Manifestatioun sin d’Organisateuren op d’Mathëllef
vu Fräiwëlligen ugewisen (Streckeposten, Ravitaillement, …).
Wann äere Veräin intresséiert as bei dëser Manifestatioun
matzehëllefen, dann deelt eis esou séier wéi méiglich an beschte bis den
nächsten Donneschdig, 15. September 2016, mat wéivill Membere vun ärem Veräin
disponibel wieren.
Fier all Member, deen 4,5 Stonnen mathëlleft kritt de
Veräin 32€ a seng Keess.
An dësem Kader as den nächste Freidig, den 16. September
2016, ëm 19.00 Auer eng Versammlung op der Maarteler Gemeng, 1, chemin du Moulin,
wou all Vertrieder vun den interesséierte Veräiner déi néidig Informatioune
kréien.
Op eis Nofro hin hu mer weider Informatiounen vum
Organisateur vum Zeebroek-Race 2016 kritt wéinst de Bénévolen:
- D’Limite
d’âge as 16 Joer
- Ët gi
Leit gebraucht fier Freides, den 30.9.2016, hëllefen opzeriichten (Circuit
zeechnen, asw),
- Sameschdes,
den 1.10.2016, gi vun 9.30 Auer bis 17.00 Auer Leit gebraucht fier de
Ravitaillement an d’Secherheet,
- Sonndes,
den 2.10.2016, gët afgeriicht wou och Leit wëllkomm sin,
- Ët gi
pro Persoun, déi 4,5 Stonnen hëlleft, 32€ an d’Veräinskees bezuelt, wa Leit méi
laang hëllefen gët e Supplément ausbezuelt,
- Freides,
den 30.9.2016, as eng obligatorisch Versammlung fier d’Bénévolen: Ennerschreiwe
vun der Konventioun, Explikatiounen zum Aflaaf vun der Manifestatioun, Ausdeele
vun den T-Shirten, Beäntwere vu Froen.
Dier kënnt är Informatiounen betreffend déi
interesséiert Leit bis en Daschdig, den 20.9.2016 op d’Gemeng mailen.
Eng
Informatiounsversammlung fier d’Bénévolen aus der Rammericher Gemeng as
Mëttwochs, den 21.9.2016 ëm 19.00 Auer hei zu Rammerich am Centre culturel.